
De Reality-Star gouf nämlech elo gefrot, déi offiziell Wäsch fir d’Olympiamannschaft vun den USA ze designen. D’Olympia-Kollektioun ëmfaasst Ënnerwäsch, Pyjamaen a Loungewear.
Déi 40 Joer al Amerikanerin huet eng ganz besonnesch Relatioun zu den Olympesche Spiller. 1976 hat hire Stéifpapp Bruce Jenner - haut no enger Geschlechtsëmwandlung Caitlyn Jenner - zu Montreal am Zéngkampf eng Goldmedail gewonnen. “Zanter ech 10 Joer al sinn, hunn ech all Detail iwwer d’Olympesch Spiller vu mengem Stéifpapp gezielt kritt”, seet si. Deemools wier déi ganz Famill duerch d’Welt gereest, fir d’Competitioune vum Bruce ze verfollegen “A bei all Stopp hunn ech mir en olympeschen T-Shirt als Souvenir kaf”.
10 Milliounen Dollar kéint d’Kim Kardashian iwwerdeems no der Aschätzung vun enger Affekotin fir dësen Deal kréien. Dem US-Wirtschaftsmagazin “Forbes” no ass hiert Verméigen antëscht op eng Milliard Dollar geklommen.