Et gëtt an de leschte Jore vun engem reegelrechte Boom geschwat, dobäi staamt d’Konzept Podcast aus enger Zäit, wou een nach op en MP3-Player ugewise war, fir ënnerwee eppes lauschteren ze kënnen. De Begrëff setzt sech nämlech aus dem “Pod” vun Ipod a “Cast” vu Broadcast zesummen, wat esouvill wéi Iwwerdroung bedeit.
Am RTL-Reportage schwätze mer mat verschiddene Lëtzebuerger Podcaster doriwwer, firwat et grad an de leschte Joren zu esou enger Iwwerschwemmung vu Podcasts koum, wat fir si e gudde Podcast ausmécht a wéi se d’Lëtzebuerger Podcast-Zeen erliewen.