Den 11. Januar 2020 war fir d’éischte Kéier op eisem Internetsite Rieds vun enger mysteriéiser neier Longenerkrankung a China. E puer Zeilen, déi doriwwer bericht hunn, datt sech 41 Leit infizéiert hätten an eng Persoun an der chinesescher Metropole Wuhan un de Suitte vun där Krankheet gestuerwen war.
Deemools war wuel nach kengem kloer, wéi een Ausmooss dat ganzt géif kréien. Zanterdeem awer beméit ee sech iwwerall op der Welt, fir d’Ausbreedung vum Virus sou gutt wéi méiglech anzeschränken. An och d’Journalisten an d’Medienhaiser sinn natierlech beméit, sech un déi aktuell Reegelen ze halen. Nawell ass et och eisen Job, grad an där heite Situatioun, seriö an zouverlässeg ze berichten an Iech dobaussen ze informéieren.
An dat ass besonnesch elo eng Erausfuerderung op villen Niveauen, ma eng, op déi mer virbereet waren.