
Dës Fondatioun en mémoire vum Dr Daniel Wagner huet als Objektiv, d’"Recherche sur les maladies cardiovasculaires” a virun allem awer d’Sensibilisatioun vun de Leit dobaussen.
Enn 2016 krut den Dr Wagner eng Nominatioun als Professer an der Kardiologie op der international renomméierter Universitéitsklinik zu Lausanne. Dat ass mat Ofstand deen héchste Grad, dee jee e Lëtzebuerger Kardiolog erreecht huet.
Leider ass hie 6 Méint drop, de 5. Juli 2017, vill ze fréi, am Alter vun nëmme 54 Joer un enger béisaarteger Krankheet gestuerwen.
Fir datt dësem aussergewéinleche Mann säin Enthusiasmus a säin Engagement fir d’Kardiologie weidergefouert ka ginn, gëtt et zanter 2018 d’Fondation Coeur Daniel Wagner.
Compte: CCPL
Recherche Cardio: Fondation Coeur Daniel Wagner
IBAN : LU94 1111 0999 0087 0000