Lëtzebuerger Firma Jan De NulDoheem op de Weltmierer

RTL Lëtzebuerg
D’Firma Jan de Nul vu Capellen verleet net just Kabelen am Mier. Si baggeren och Häfen aus.
Firma Jan De Nul: Doheem op de Weltmierer
D’Firma Jan de Nul vu Capellen verleet net just Kabelen am Mier. Si baggeren och Häfen aus.

Am Summer op enger Plage am mëlle Sand chillen. Relax vun Doheem am Internet surfen. Oder einfach de Knäppchen drécken an d’Luucht geet un. Fir dass een dat alles maache kann, duerfir suergt e grousst Schëff dat ënner Lëtzebuerger Fändel fiert a Kabelen duerch praktesch all d’Weltmierer verleet.

D’Firma Jan de Nul vu Capellen verleet awer net just Kabelen am Mier. Si baggeren och Häfen aus. A suergen esou mat hire gigantesche Schëffer duerfir, dass den internationale Persounen- a Wuerentransport funktionéiert. Mir hunn d’Firma am Asaz begleet a gefrot wat genee si hei zu Lëtzebuerg maachen.

Back to Top
CIM LOGO