Live! Planet People am ReplayDominique Santana, Waldi "Walter Lehnertz" a Philippe Schiltz

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Film, TV a Musek.
Live! Planet People
An der Emissioun goung et e Freideg ëm Film, TV a Musek.

D’Dominique Santana ass e virwëtzege Mënsch an interesséiert sech als Realisatrice aktuell fir Lëtzebuerger Schmelzaarbechter a Brasilien. Beim “Uelzechtkanal” huet si 3 Joer Erfarung an de Medie gesammelt an duerch Studentenjobs beim CNA, dem Mudam oder hirer Rechercheaarbecht. Fir de Resistenzmusée koum si op de Goût vun der Geschicht. Well si als Minettsdapp zu Rio lieft, koum d’Dominique op d’Iddi en Documentaire iwwer déi Zäit vu virun 100 Joer ze maachen a sicht elo fläisseg no Temoignagen an Archivmaterial fir de Film ze completéieren. www.colonia.lu

Dass de Waldi “Walter Lehnertz” heescht, weess quasi kee Mënsch, awer duerch “Bares für Rares” kennt hien all Kand. Am Horst Lichter senger Emissioun gehéiert hien zum festen Inventaire a seng 80 Euro fir unzefänken, si scho legendär. Zu den Antiquitéite koum hien duerch seng Scheedung a seng Bandscheif, déi him d’Aarbecht um Bau net méi erlaabt hunn.

Säi Fanclub wiisst a wiisst an d’Leit komme mat Busser a säi Geschäft op Krekel. Eemol d’Joer organiséiert hien e Summerfest a säin Dialekt ass bestëmmt mat dru Schold u senger Beléiftheet.

De Philippe Schiltz spillt vu Klengem u Batterie, awer och Marimba a Posaun, a versicht sech an allméigleche Museksstiler. Mat 5 Joer huet hie seng éischt Noute gelies an direkt op der Batterie gespillt. Seng Bengelen huet hien ni méi aus der Hand geluecht an elo mécht hien dat och professionell an der Militärmusek. Wann d’Zäit et zouléisst, komponéiert hie fir seng eege Band, ënnerstëtzt ronn 10 Museken an Orchesteren an als Ausgläich dreift hie Sport oder entdeckt d’Natur zu Fouss.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO