
Ee Visiteur vum Park huet dat Ganzt gefilmt. Am Video gesäit een, wéi eng riseg Well d’Leit am Becken ze packe kritt a se no hannen dréckt. Vill vun hinne falen aus dem Becken.
Dem Parkbesëtzer no sinn 10 Leit blesséiert ginn. Eng chinesesch Zeitung behaapt awer, am Ganzen wiere 44 Leit blesséiert, a 5 souguer an d’Klinik bruecht ginn. De Grond fir den Accident soll ee Stroum-Ausfall gewiescht sinn, deen dat elektronescht Equipement beschiedegt huet.
Och op Twitter gëtt eppes aneres ugeholl: Do gëtt souguer gesot den Aarbechter, dee fir d’Wellen zoustänneg war, wier alkoholiséiert gewiescht.
Wat da lo d’Wourecht ass, ass net bekannt, mee eent steet fest: Sou mécht schwamme kee Spaass.