Aktuell gëtt um Glacis nämlech schonns fläisseg opgeriicht. De grousse Panneau an der Entrée steet schonns an och verschidde Buden huele schonns Gestalt un. Wat d’Spiller ugeet, steet nach net esou vill, ma do ass een och schonns mat den Opbauaarbechten am Gaang, dorënner och d’Alpina Bahn, déi dëst Joer 1 vu 6 neien Attraktiounen op der Fouer ass.
D’Alpina Bahn ass déi gréissten Achterbunn, déi ee kann transportéieren. Sou eng grouss gouf et nach ni op der Fouer. Soss steet déi zum Beispill um Oktoberfest.
250 Fouerbuden a -spiller si fir dëst Joer um Glacis geplangt, dorënner 16 Spiller fir d’Kanner, 13 Restauranten a 16 Confiserien.
D’Fouer fänkt dëst Joer freides den 23. August un an dauert bis mëttwochs den 11. September.