Zesumme bal 200 Joer alD'Queen huet de Spendesammler Tom Moore zum Ritter geschloen

RTL Lëtzebuerg
De Mann huet schonn 100 Joer a sech wärend der Pandemie mat sengem Rollator op de Wee gemaach, fir Sue fir de brittesche Gesondheetssecteur ze sammelen.
© AFP

E Freideg huet d’Queen Elizabeth II de brittesche Krichsveteran Tom Moore zum Ritter geschloen. Fir den 100 Joer alen “Captain Tom” huet d’Monarchin souguer hir Corona-Isolatioun opgehuewen. D’Zeremonie war ënner strengen Hygiènesmesuren am Gaart vum Schlass Windsor.

Mat sengem Trëppeltour vun 100 Tier ronderëm den eegene Gaart huet de Weltkrichsveteran ronn 33 Milliounen Euro fir de gudden Zweck gesammelt. Hein hat Sponsore gesicht, déi him pro Tour Sue géife ginn. Säin Zil war, mat senger Aktioun 1.000 Pond, also 1.100 Euro, ze sammelen. Zum Schluss koum däitlech méi eraus.

Grond genuch fir d’Queen (94) héchstperséinlech, de Mann bei enger Zeremonie um Schlass Windsor mat dem Titel vum Ritter auszezeechnen. Den (elo) Sir Tom Moore (100) gouf mat sengem Projet e reegelrecht Virbild fir d’Britten an der Kris.

Wichteg Datumen am Liewe vum Sir Tom Moore

© AFP

Back to Top
CIM LOGO