VIDEO-ReportageDräikinnekskuch zitt all Joer nees vill Clienten un

RTL Lëtzebuerg
Zanter puer Deeg an nach bis Mëtt Januar gesäit een e scho beim Bäcker an de Vitrinne leien: den Dräikinnekskuch an all senge Varianten.
Dräikinnekskuch zitt all Joer nees vill Clienten un
Zanter puer Deeg an nach bis Mëtt Januar gesäit een e scho beim Bäcker an de Vitrinne leien: den Dräikinnekskuch an all senge Varianten.

Wéi all Joer gëtt nämlech um 6. Januar den Dräikinneksdag gefeiert. Fir genee ze sinn de Balthasar, Melchior a Caspar – esou heeschen déi dräi helleg Kinneken, déi um 6. Januar bei d’Jesuskand komm sinn.

Haut ass et virun allem een Dag, iwwert deen d’Patisserië sech freeën dierften. Den Dräikinnekskuch zitt nämlech all Joer erëm vill Clienten un. Dës Traditioun huet sech awer eréischt am Laf vun de Joren entwéckelt, erkläert d’Nicole Oberweis. Virun 20-30 Joer wier et zu Lëtzebuerg nach keng Demande no engem Dräikinnekskuch ginn. Et ass eréischt an de leschte Joren, wou d’Zuelen an der Vente an d’Luucht gaange wieren, an domat och d’Popularitéit vun deem Kuch.

D’Patisserië loosse sech och ëmmer erëm nei Rezepter fir de Kuch afalen, woubäi dee beléiftsten nach ëmmer d’Frangipane-Variant ass, déi 2/3 vun der Vente ausmécht. D’Fèven wiesselen och all Joer bei der Patisserie Oberweis. Dëst Joer dierf déi Persoun sech een Dag laang eng Kroun opsetzen, déi ee klengen Auto am Kuch fënnt.

Back to Top
CIM LOGO