VIDEO: routwäissgroD'Realisatrice Guig Jost iwwert d'Carmen Hertz

RTL Lëtzebuerg
Eemol de Mount weise mer Iech op RTL Télé Lëtzebuerg um 19 Auer an der Serie "routwäissgro" Portraite vu Leit ganz ouni Filter an ouni Commentaire.
routwäissgro
D’Realisatrice Guig Jost iwwert d’Carmen Hertz.

De Sonndeg geet et an eiser Serie “routwäissgro” ëm d’Carmen Hertz, eng jonk Schülerin vu 17 Joer. Hatt ass a sengem leschte Joer am Nordstad Lycée, dobäi ass d’Carmen mam Down-Syndrom op d’Welt komm.

Am Film ginn mer gewuer, dass d’Carmen net nëmmen am Lycée, mä och an der Dikrecher Musek ass an souguer fir d’Special Olympics schwëmmt. Mir hunn eis am Virfeld vun der Diffusioun mat der Realisatrice Guig Jost ënnerhalen.

Back to Top
CIM LOGO