Jamie's ItalianD'Restaurantschaîne vum Jamie Oliver mécht Faillite

RTL Lëtzebuerg
Ronn 1.300 Aarbechtsplaze si vun der Faillite menacéiert...
© VALERY HACHE / AFP

Wéi d’Entreprise selwer matdeelt wier een extrem traureg iwwert dës Entwécklung an et géif een alleguerten de Mataarbechter Merci soen, fir déi gutt Aarbecht, déi een an de leschten 10 Joer geleescht hätt.

Ronn 1.300 Persoune misste BBC no ëm hir Aarbecht fäerten. Gegrënnt gouf d’Chaîne vum Jamie Oliver am Joer 2008. Bis zu lescht huet e nach 25 Restaurante bedriwwen.

Och mat senge Steak-Restauranten hat den Jamie Oliver scho Faillitten.

Back to Top
CIM LOGO