Bëbee-Alarm!D'Scarlett Johansson ass nees Mamm ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Freed bei der Actrice an hirem Mann Colin Jost ass grouss. Hiert éischt gemeinsaamt Kand huet d'Liicht vun der Welt erbléckst.
© AFP/Archiv/VALERIE MACON

Dat huet den houfrege Papp op Instagram matgedeelt an den aussergewéinlechen Numm vum Kand verroden. “Cosmo” gouf dee Klenge gedeeft.

D’Schwangerschaft hat d’Koppel, déi sech zejoert am Oktober d’Jo-Wuert ginn hat, laang fir sech behalen. Kuerz virun der Gebuert gouf eréischt bekannt, dass d’Scarlett Johansson schwanger wier. Wéi “Page Six” schreift, hätt de Colin Jost wärend engem Optrëtt a Connecticut iwwert den Nowuess geschwat. Schonn am Juni goufen et Rumeuren iwwert d’Schwangerschaft, well déi 36 Joer al Schauspillerin eng Partie Rendez-vousen ofgesot huet a sech och aus der Ëffentlechkeet zeréckgezunn huet.

D’Duechter vum Scarlett Johansson dierf sech elo iwwert e Hallefbrudder freeën. D’Rose staamt aus dem Johansson sengem Bestietnis mam Romain Dauriac a koum 2014 op d’Welt.

Back to Top
CIM LOGO