
Den Tour an d’Stengeforter Steekaulen en Donneschdeg, de 27. Juli, gëtt owes organiséiert, well dann nawell zimmlech vill do geschnabbelt gëtt, wann een dat esou soe kann.
Do wunnt nämlech eng ganz speziell Aart vu Mouk, déi sou genannte “Geburtshelfer Kröte”, déi sech duerch dach zimmlech speziell Geräischer bemierkbar mécht, wéi de Gilles Wagener, Naturguide am Mirador erkläert:
“Déi mécht e ganz extrae Kaméidi, e bëssi wéi eng Sonar, wéi eng kleng Gläckelchen, sou Biu Biu Biu. A wa mer dann do trëppelen, mir trëppele mat Fakelen, dat ass schonn eng extra Atmosphär. An da gëtt et ëmmer méi däischter an an der Dämmerung fänken déi u matenaner ze schwätzen. Dat ass, wéi wann an den Hecke kleng Alie gelant wieren. An dat eng Kéier erliewen, dat ass faszinant.”
Den Tipp vun e Méindeg: Déi 5. Editioun vum Echterlive Festival am Trifolion
Den Tipp vun en Dënschdeg: De White Dinner um Përmesknupp