Bye bye Social MediaD'Vicky Krieps ass net méi selwer op de soziale Medien

RTL Lëtzebuerg
Dat huet déi Lëtzebuerger Schauspillerin e Mëttwoch gemellt.
© Grégory Mebille / Samsa Film

Wéi si selwer op Instagram an hirem wuel leschte Post schreift, hätt si “genuch falsch Lëpsen, Frënn a News” op de soziale Medie gesinn. Weider heescht et, dass aner Leit vun elo un den Account iwwerhuele wäerten an a sengem Numm Posts maachen. Selwer wäert si dat net méi maachen.

Ween elo genee d’Social Media-Aarbecht vum Vicky Krieps wäert iwwerhuelen a wéi dëst soll konkret ausgesinn, ass net gewosst. Hei muss ee sech da wuel iwwerrasche loossen.

Back to Top
CIM LOGO