StaatswäinE Bléck hannert d'Kulisse vum Institut Viti-Vinicole zu Réimech

RTL Lëtzebuerg
Am Institut Viti-Vinicole zu Réimech gëtt net nëmmen den offizielle Staatswäin produzéiert, ma och nach ee geheime Wäin.
Hannert de Kulisse vum Lëtzebuerger Wäininstitut
Wousst dir, dass net nëmme Staatswäin zu Réimech produzéiert gëtt, mä och geheime Wäin?

Hutt dir schonn eemol Staatswäin geschmaacht? Wa jo, da muss dir op engem Neijoerspatt vum Staat gewiescht sinn. Dëse Wäi gëtt et nämlech néierens ze kafen, ass awer wichteg fir d’Zukunft vum Wäibau.

Relativ onscheinbar läit d’Lëtzebuerger Wäininstitut zu Réimech tëscht de Wéngerten an dat schonn zanter 1925. Deemools war et fir der Rieflaus Meeschter ze ginn, haut gesäit d’Aarbecht awer anescht aus. Op am Ganze 5 Hektar ginn hei d’Drauwen erugezillt, déi spéider zu Staatswäin verschafft ginn. Verdeelt gëtt dësen un d’Ambassaden am Ausland, wéi och staatlech Institutiounen hei am Land.

De Staatswäin ass also eng Méiglechkeet, eis Lëtzebuerger Musel och am Ausland bekannt ze maachen. Dat war och ee vun de Grënn, fir d’Produktioun beim Institut Viti-Vinicole verstäerkt op de Cremant ze setzen. De Virdeel vum Cremant, esou de Robert Ley, ass, dass en engem méi breede Public gefale kann an esou déi verschidde Goûten a Kulturen op der Welt éischter trëfft.

Ma nieft dem offizielle Staatswäin gëtt et nach een aneren, méi geheime Staatswäin. Am Institut ginn nämlech och Versich mat neien Drauwenzorte gestart. Dat kënne Pilz-resistent Zorte sinn, awer och einfach méi exotesch Drauwen, déi elo an eisem dach scho méi waarme Klima besser wuesse kéinten. Wann eng Wäinzort genuch Recolte produzéiert huet, kënnt en an de Wäikeller vum Institut, fir an de Fläschen déi lescht Evolutioun ze maachen.

Nieft Tester mat neien Zorten, ginn och Versich gemaach, déi méi allgemeng mam Wäibau ze dinn hunn. Och mam “Luxembourg Institute for Science and Technology” (LIST) gi Versich gestart, déi sech iwwer eng Rei Joren zéien an de Wäibau op d’Defien vun deenen nächste Jore preparéieren. Deels extrem Wiederverhältnisser sinn den aktuellen Challenge vun de Wënzer an d’Motivatioun vun enger Partie Projeten.

Si sinn et och, déi schlussendlech vun der Aarbecht vun der Riefschoul profitéieren. D’Erkenntnisser vun de Fuerschungsprojeten, d’Wëssen iwwert d’Ausbaue vun neien Zorten an nach weider Informatiounen oder souguer Riefstäck, ginn hinnen zur Verfügung gestallt. Eng Aufgab, déi si eescht huelen an och gäre maachen.

Back to Top
CIM LOGO