Iwwerdeems ee schéi Momenter mat senge Léifste verbréngt, drénkt een hei zu Lëtzebuerg och gär emol eng Kippchen. Dofir leeft den Ament an der Kellerei vu Vinsmoselle d’Produktioun op Héichtouren, fir der Demande no Lëtzebuerger Crémant nozekommen. Eleng an der Kellerei zu Wuermer ginn elo all Dag tëscht 16.000 an 18.000 Fläsche preparéiert. Ier et awer esouwäit ass, dass de Crémant an d’Butteker geliwwert ka ginn, muss en nach verschidden Etappen hannert sech bréngen.
Als éischt muss de Crémant duerch zwou Gärungsphase goen, wéi de Guido Sonntag an de Bernd Karl vu Vinsmoselle erkläert hunn. An der éischter Phas gëtt de Basiswäin preparéiert an an der zweeter gëtt d’Kuelesaier am Crémant gebilt. Dëst geschitt duerch d’Bäigi vun Hief. Ronn 800.000 Fläsche leien esou an der Kellerei zu Wuermer. Den eigentleche Prozess, bei deem d’Hief vergäert, dauert ronn 6 Wochen. Am Ganze muss ee Crémant de Luxembourg awer op d’mannst 9 Méint leien. Fir d’Reschthief duerno aus der Fläsch erauszekréien, gëtt de Fläschenhals op -24 Grad gekillt. Doduerch gëtt d’Hief fest a kann einfach erausgezu ginn. Duerno ass de Crémant praktesch ganz fäerdeg. Nach ee Stopp aus Kork an eng Etikett mat all den Informatiounen drop an de Crémant kann an d’Regal kommen.
Wéini ee Crémant de Luxembourg esou dierf genannt ginn, gëtt am Institut Viti Vinicole zu Réimech entscheet. Fréier bekannt ënnert dem Numm “D’Riefschoul” gëtt hei kontrolléiert, ob déi verschidde Konditioune vun der AOP (Appelation Originale Protégé) och effektiv berécksiichtegt goufen. Dofir huet den André Mehlen vum Institut och e puer Begrëffer méi genee erkläert. De Crémant de Luxembourg muss zum Beispill aus Lëtzebuerger Drauwe sinn, mindestens 9 Méint op der Hief leien an dierf net méi wéi 50 Gramm Reschtzocker pro Liter enthalen. Den Undeel u Reschtzocker bestëmmt och, ob ee Crémant Extra Brut, Brut oder Demi-Sec ass.
De Gros vun de Crémanten ass Brut. Et ass d’Vermëschung vun den Drauwen, déi de Goût ausmécht. Ee Crémant Monocépage zum Beispill baut op enger Drauwenzort op, déi dann och de Goût eleng dréit. Wat och nach wichteg ass, esou den André Mehlen, ass, wéi laang de Crémant op der Hief läit. Dat ass zum Beispill bei engem Crémant Milésimé bedeitend. Éischtens mussen d’Drauwen all aus engem Joergang sinn an zweetens muss dëst Zort Crémant wärend 24 Méint op der Hief rouen. Dat ass de Grond, wisou dësen ee gudde Krack méi deier ass.
Egal wéi ee Crémant Dir elo fir d’Feierdeeg doheem hutt: Loosst Iech e schmaachen a Prost!