Et begéint ee se ëmmer emol erëm vereenzelt op de Stroossen. Wanter-Nomaden, déi mat hire Camper déi kal Saison traditionell am waarme Süde verbréngen.
Dës Kéier goufe se awer duerch de Virus iwwerrascht an elo probéiere se heemzekommen, duerch en Europa, mat zum Deel gespaarte Grenzen.
De Pascal Becker huet e Mann getraff, deen nach ganzer 2.700 Kilometer vu sengem Doheem ewech ass an decidéiert huet, hei zu Lëtzebuerg ofzewaarden.
