Och déi eng oder aner Blumm weist sech schonn. D’Planzen erwächen erëm aus hirem Wanterschlof. Da geet elo sou lues d’Aarbecht vun de Wënzer an Uebstbaueren erëm un. Dat stëmmt net ganz, well déi mussen och am Wanter an de Wéngerten oder Bongerte schaffen.
An de Wéngerte mussen d’Riewen zréckgeschnidde ginn, fir dass d’Drauwen erëm kënnen op frëschem Holz gezillt ginn. Ugefaange gëtt mam Schneiden, no der Lies a wann alleguer d’Blieder vun de Rief erofgefall sinn, Enn Oktober, Ufank November. Bis de Stack am Fréijoer dann erëm nei ausschéisst, also déi éischt Bléie kritt, sollen d’Aarbechten ofgeschloss sinn. Genuch Zäit also, fir all d’Rief an d’Rei ze bréngen.
Et stinn awer net nëmmen Aarbechten am Wéngert um Programm. Genee sou wéi hei mussen och d’Beem an de Bongerte geschnidde ginn. Hei gëtt anescht geschnidden ewéi an de Wéngerten: d’Äscht sollen net ze wäit vum Stamm ewechgoen - dowéinst gi se am Wanter gekierzt. Fir dass d’Äppel herno net ze no openeenhänken a genuch Sonn a Loft kréien.
Esou wéi bei de Wéngerte ginn och hei am Wanter deelweis al Planzen erausgerappt, fir am Fréijoer neier unzeplanzen.
An ongeféier 2 Woche fänken dann d’Fréijoersaarbechten un. De Buedem gëtt beaarbecht, nei Planze gi gesat an et gëtt ugefaangen, ze düngen a géint d’Schädlinge virzegoen. Bis sech an de Wéngerten dann déi éischt rosa, wäiss a gielzeg Knospe weisen, dauert et nach ongeféier 4 Méint.
Bei den Äppelbeem dauert et net méi grad esou laang. A mat genuch Reen a Sonn kréie mer dann och dëst Joer erëm eng richteg gutt Recolte an natierlech wonnerbare Wäin.