Do hat wuel een net opgepasstE Lëtzebuerger an der Formel 1?

RTL Lëtzebuerg
Beim Grousse Präis vu Singapur war e Sonndeg um Podium de lëtzebuergesche Fändel ze gesinn.
© Screenshot

Do ass e Sonndeg wuel eppes schif gelaf. An der Formel 1 gouf bei der Präisiwwerreechung vum Grousse Präis vu Singapur de lëtzebuergesche Fändel ageblennt. Mam Max Verstappen stoung awer kee Lëtzebuerger als Drëtten um Podium, mä villméi een Hollänner.

De lëtzebuergeschen an den hollännesche Fändel gesi sech jo ganz ähnlech. Ënnerscheeden doe se sech just am Blotoun. Eng Veriwesselung ass do séier geschitt.

Wéi seet ee sou schéin, Feeler geschéie jidderengem.

Back to Top
CIM LOGO