
De 50 Joer ale Mann ass aneren Autofuerer op der Autobunn opgefall, dat well hien esou alkoholiséiert war, dass hien a Schlaangelinnen iwwert déi 3 Spueren ëmmer nees gefuer ass.
Ma d’Automobiliste waren op Zack a si mat der Warnblinkanlag hannert dem Automobilist gefuer, fir den Trafic hannendrun ofzesécheren. Deelweis ass hie mat tëscht 20-50 Stonnekilometer gefuer.
Wéi d’Police de Mann ugehalen hunn, ass hinnen direkt opgefall, dass hien e puer eidel Drëppefläschen am Auto trëllen hat, beim Test koum eraus, dass hie ganzer 4,7 Promill am Blutt hat. De Permis war de Mann selbstverständlech lass.