D’Alternativ aus Plastik huet zwar e schlechten ekologesche Bilan a richt och net esou gutt, ma se huet awer och Virdeeler. Chrëschtbeemercher kritt een den Ament praktesch iwwerall ze kafen: virun der Dier, déi aus dem Bësch a falscher aus Plastik. Wat d’Zäit ugeet, wéini de Beemche kaf a gerëscht gëtt, do huet sech näischt geännert.
Wat seet d’Tendenz? Gi Richteger oder Falscher am meeschte verkaf?
Alles huet seng Vir- a seng Nodeeler. E Plastiksbeemche soll net esou séier brennen ewéi e Richtegen, et muss een en net transportéieren a siche goen an d’Luuchte si bei verschiddene Modeller schonn drun. Alles schwätz also fir e kënschtleche Bam an awer ass dësen Trend déi lescht Joren nees erofgaangen an ëmmer méi Leit gräifen nees op e richtegen zeréck.
Alternativ: E Chrëschtbeemche lounen
Dem Hiersteller no hält e Plastiksbeemchen tëscht 5 an 8 Joer, also muss deen och iergendwann ersat ginn an lant duerno um Dreckstipp. Wann een elo net weess, wat fir ee soll kaf ginn, da gëtt et nach ëmmer d’Alternativ, fir een an der Bamschoul zu Steesel ze lounen.
Ouni natierlech deen nohaltegen Aspekt ze vergiessen: hei ass ee Richtege vill méi ëmweltfrëndlech ewéi e Syntheteschen. Sou dréit een en Deel géint d’Ëmweltverschmotzung bäi.
Am Endeffekt huet de Konsument 3 Méiglechkeeten, fir seng Stuff ze rëschten: Mat engem richtege Beemchen, engem kënschtlechen oder engem natierlechen, deen ee fir déi schéinsten Zäit am Joer loune kann. Dat muss all Mënsch selwer decidéieren. Bei den echte Chrëschtbeemercher ass et iwwerdeems nach wichteg drop opzepassen, dass bei deenen op Pestiziden an Dünger verzicht gouf.