Iron Maiden"Ed Force One"-Fliger gëtt ausrangéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Heavy-Metal-Band verzicht schonn zanter 2016 op hiren Tourjumbo.
© ATON CHILE/AFP/JONATHAN OYARZUN

2016 ass zu Zürich um Flughafen eng Foto entstanen, déi de Regierungsfliger vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel nieft dem “Ed Force One"-Jumbo wéi e Fliger fir Hobbits schénge léisst. Ma elo ass d’Boeing 747, déi vum Sänger Bruce Dickinson och selwer geflunn ginn ass, Geschicht.

Iron Maiden haten de Fliger 2016 no hirem Concert zu Göteborg ausrangéiert. De Fliger wier no engem Accident um Flughafe vu Santiago de Chile schwéier beschiedegt ginn. Ma donieft wier et net praktesch, ëmmer e Fliger dobäi ze hunn a fir vu Paräis op Zürech ze reesen, wier en Jumbo och onnéideg, esou de Bruce Dickinson an engem Interview mat der Augsburger Allgemeine. Weider wier dëst och eng Moossnam, fir d’Ëmwelt ze schützen.

D’Tour d’nächst Joer wëllen Iron Maiden ouni eegenen Jumbo bestreiden.

Back to Top
CIM LOGO