
An enger “klenger Wanter-Hochzäit” hu si sech bestuet, wéi d’Zeitung The Sun um Donneschdeg matgedeelt huet. “Déi zwee hu sech e puer Deeg viru Chrëschtdag bestuet. Et war ganz roueg - just dem Ed seng al Schoulkollegen, d’Famill an de Paschtouer”, huet eng onbekannte Source der Boulevardzeitung erzielt.
Den 28 Joer ale Sheeran ass ee vun de bekanntste Kënschtler weltwäit. Hien an d’Seaborn kenne sech zënter hirer Kandheet an der Grofschaft Suffolk, am Süde vun England. 2015 solle si dunn eng Koppel gi sinn.
The Sun schreift, dass just ëm déi 40 Leit bei der Zeremonie op senger Proprietéit a Suffolk dobäi waren. “Hie wollt keng grouss Opreegung an hie wollt, dass et einfach eppes fir eleng si ass - eng kleng Wanter-Hochzäit”, sot d’Source.
De Sheeran huet seng Verlobung am Januar 2018 op Instagram ugekënnegt: “Mir si wierklech glécklech a verléift an eis Kaze sinn och frou.”