Zu TokyoEe Roboter kacht an zerwéiert Nuddelszopp

RTL Lëtzebuerg
Ee klenge Restaurant an der japanescher Haaptstad gehéiert elo ee Michelins-Stär. An dat huet en net engem Chef, ma enger Maschinn ze verdanken.
Nuddelszopp vum Roboter gekacht an zerwéiert
Dat ass zu Tokyo méiglech.

De Clou bei dem “Sophie - The Robotic Chef” ass, wéi et den Titel vun der Maschinn schonn unhuele léisst, datt net ee Chef hannert de Kachdëppe steet, ma ee Roboter. D’Clientë kréien deemno net vu Mënsche gekacht a ginn och net vu Serveuren oder Serveusen zerwéiert, mä ee Roboter iwwerhëlt dësen Job.

An dësen huet dat esou gutt gemaach, datt de Restaurant mat just 7 Dëscher sech vun elo u mat engem Michelins-Stär rëschten däerf. D’Spezialitéit vum “Sophie” ass de bekannte japanesche Plat Ramen. Dat ass näischt aneschters, wéi eng Nuddelszopp mat allerlee ënnerschiddlechen Ingredienten.

D’Clientë genéiere sech net un dem mechaneschen Apparat an hunn och keng Beréierungsängscht. Esou ka sech de Besëtzer vum Restaurant iwwert de groussen Zoulaf freeën:"Dat Wichtegst ass, datt der Clientèle eise Ramen schmaacht!”

© afp

Back to Top
CIM LOGO