Ma wärend der Corona-Kris wollt d’Ekipp vun der Maison Relais aus dem Préizerdaul net einfach Doheem sëtze bleiwen, mä sech engagéieren, fir deenen eelere Leit aus der Ëmgéigend eng kleng Freed ze maachen. An dat all Woch.
Vun elo un ass d’Kiche vun der Maison Relais ëmfunktionéiert ginn als Bakstuff an do gëtt fir eng ronn 90 Pensionären iwwert 75 Joer aus der Gemeng gebak. Eng Iddi, déi dem Personal komm ass, nodeems si ongewollt hu misse vun haut op muer ophale mat schaffen.
Bei d’Gebäck leeë si dann och nach ëmmer e Rätsel, an deem si sech Froen iwwert d’Gemeng an d’Ëmgéigend iwwerluet hunn. Eng Aktioun, déi immens gutt ukënnt an iwwert déi ee sech elo all Mëttwoch de Moien drop freet, wann nees bei engem un der Dier geschellt gëtt.
