
De Japaner ass 1907 op d’Welt komm a krut virun 2 Wochen eréischt den Zertifikat vum Guinnessbuch vun de Rekorder.
Säi Geheimnis fir e laangt Liewen: Sech net rose maache loossen an ëmmer e Laachen um Gesiicht behalen.
De 5. Mäerz wier de Watanabe 113 Joer al ginn.
Déi eelste Fra vun der Welt kënnt iwwregens och aus Japan. D’Kane Tanake huet am Januar 117 Joer kritt. De fréiere Rekord hat d’Fransousin Jeanne-Louise Calment. Si war am Joer 1997 am Alter vun 122 Joer gestuerwen.