
Eng Koppel an Daytona Beach, am US-Bundesstaat Florida, koume mat enger zimlech spezieller Iddi fir d’Hëtz am Auto ze reduzéieren.
D’Koppel huet eng Klimaanlag hannen an hirem Auto installéiert. Dobäi handelt et sech awer net ëm eng Klimaanlag, déi normalerweis an Autoen agebaut ginn, mä ëm eng Klimaanlag, fir deng Wunnengen ze killen.
Säin Zweck dierft dat Ganzt erfëllen, op et allerdéngs an den USA legal ass, esou mam Auto ze fueren, ass net gewosst.