VIDEO: Serie RTL-SelbsttestEen Dag als Educatrice an enger Crèche

RTL Lëtzebuerg
Et gi Beruffer, déi een zwar kennt, mä bei deenen ee just eng vague Virstellung dovun huet, wéi den Alldag wierklech ausgesäit.
Een Dag als Educatrice an enger Crèche
Et gi Beruffer, déi een zwar kennt, mä bei deenen ee just eng vague Virstellung dovun huet, wéi den Alldag wierklech ausgesäit.

An enger neier Serie maache mir dofir de Selbsttest a verbréngen een Dag an engem frieme Beruff.

Fir di éischt Episod ass eis Reporterin een Dag laang Educatrice an enger Crèche a stellt fest, dass dat wäitaus méi ass, ewéi de Kanner beim Spillen nozekucken. Et gëllt, d’Kanner bei Laun ze halen an hir Opmierksamkeets-Span ass kuerz. Et muss ee sech also ëmmer erëm nei Geschichten, Interaktiounen an Aktivitéiten ausdenken. An dat kann, wéi eis Reporterin feststelle muss, duerchaus un d’Substanz goen.

Back to Top
CIM LOGO