SelbstversuchEen Dag am Liewe vum Zirkusdirekter

Philippe Dondelinger
De Philippe Dondelinger vun der Magazin-Ekipp huet sech nees op de Wee gemaach an e Beruff getest. Een Dag am Liewe vum Zirkusdirekter.
VIDEO: Eemol Zirkusdirekter sinn / Rep. Philippe Dondelinger (4.12.19)
De Philippe Dondelinger vun der Magazin-Ekipp huet sech nees op de Wee gemaach an e Beruff getest. Een Dag am Liewen vum Zirkusdirekter.

“Éierlech konnt ech mer näischt drënner virstellen, ausser dat, wat een als Kand sech drënner virstellt: e Mann mat engem decken Bauch, deen de Leit Moie seet an herno am Zirkuszelt a senger rouder Tenue do steet. Nee, sou war et net.Alles koum anescht ewéi ugeholl. Mäin Zirkusdirekter war eng Fra, d’Bianca Renz, a si war fir alles zoustänneg, wat net virun der Premiere geklappt huet. An anere Wierder war meng Haaptbeschäftegung d’Bianca ze sichen.

Vum Catering iwwer Merchandising bis bei den Ëmfang, d’Bianca huet sech missen ëm alles këmmeren a koum ni zur Rou.

En haarden Job, wou ee Saachen erlieft, mat deenen een net gerechent hat a wou een alles muss ginn, fir dass de Client sech herno an eng Welt entféieren léisst, wou munch ee sech op d’mannst dann nees fir 2 Stonne wéi e Kand dierf fillen.”

Back to Top
CIM LOGO