Serie am MagazinEen Dag am Liewe vun ... engem Pompjee

Philippe Dondelinger
Et ass scho komesch, sech allkéiers an e Beruff eranzeschleisen, ma spannend ass et jiddefalls beim CGDIS, et weess een ni, wat op een duerkomme kann.
Een Dag am Liewe vun ... engem Pompjee
Et ass scho komesch, sech allkéiers an e Beruff eranzeschleisen, ma spannend ass et jiddefalls beim CGDIS, et weess een ni, wat op een duerkomme kann.

Beim Appell ginn d’Schichte gewiesselt, déi eng ginn no 8 Stonnen heem a mir fänken eis 8 Stonnen da mëttes um 14 Auer un a musse bis 22 Auer duerhalen.

Eng vun de wichtegsten Aufgaben all Dag ass et, fir d’Material ze kontrolléieren. Alles muss am Noutfall funktionéieren, hei dierf näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn. Mäin éischten Exercice, mam Paolo d’Leeder ze kontrolléieren.

De Gedanken, dass mer zu all Zäit kéinte geruff ginn, entgeet mer e bëssen. Iergendwéi faszinéiert mech alles hei, Männer an hir Spillsaachen, wien huet net als Kand Pompjee gespillt. Den Ënnerscheed tëschent Übung a Realitéit gëtt mer eréischt uewen op der Leeder bewosst, dass een am Eeschtfall net esou entspaant wäert sinn.

Esou laang keen Asaz ass, leeft déi deeglech Routine-Kontroll weider. Dat nächst, wat elo kontrolléiert muss ginn, ass de Schlauch, mat deem Läsch-Schaum gesprëtzt gëtt am Fall vun engem Feier. Ech si faszinéiert vum Drock, deen de Schlauch huet, ech ginn e Schratt zréck, 15 Bar, déi mech no hannen drécken.

Et ass scho bal 16 Auer an et ass nach ëmmer keen een Uruff agaangen, wat jo éischter positiv ass fir de Bierger a wann ech éierlech sinn, sinn ech och frou, dass eis Übung, wou mer een aus dem Auto schneiden, net Realitéit ass.

An awer hei gëtt geschafft, ewéi wann et en Eeschtfall wär. Ëmmer nees kënnt mer de Gedanken an de Kapp, wat wär, wa mer elo géifen en Asaz kréien, ech wëll net wëssen, wéi séier dann alles fale gelooss gëtt, well an dësem Beruff zielt all Sekonn.

Fir mech war et eng Erausfuerderung an ech hu ganz vill bäigeléiert. E Beruff, deen ee wierklech eréischt jugéiere kann, esou ewéi bei ville Beruffer, wann een e selwer eng Kéier matgemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO