Happy End op HellegowendÉierleche Mann hat Rucksak mat Chrëschtkaddoen a 16.000€ fonnt

RTL Lëtzebuerg
Zu Krefeld hat e Mann vun 63 Joer säi Rucksak, mat de Kaddoe fir Chrëschtdag a 16.000 Euro dra, verluer.
© Pixabay

En 51 Joer ale Mann hat de Kuerf op der Strooss entdeckt a wollt no Indice vum Besëtzer sichen. Dobäi ass him opgefall, datt am Rucksak Chrëschtkaddoen esou wéi och 16.000 Euro waren. De Mann war awer esou éierlech, datt hien dono d’Police geruff an hinnen de Kuerf ginn huet. Spontan huet hien da souguer nach op de Finderlohn, dat hien an Däitschland ze gutt gehat hätt, verzicht.

D’Beamte konnten de Besëtzer nach fannen an him de Rucksak zeréckginn. Esou huet eng éierlech Persoun dem eeleren Här wuel awer nach Chrëschtdag gerett.

Back to Top
CIM LOGO