Den Trevor ass doutEinsaamst Int op der Welt op neiséilännescher Insel gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den Trevor, en Inte-Männchen, ass am September d'lescht Joer op der klenger Insel Niue am Pazifik gelant. Vill Leit hunn en ëmsuergt, lo ass hien dout.
© Facebook

Op der Insel Niue, ronn 2400 Kilometer nordëstlech vun Neiséiland, liewen eng 1.600 Mënschen a bis viru kuerzem och eng eenzeg Int - den Trevor. Hien hat sech zu enger richteger Attraktioun entwéckelt, ma elo ass hien dout. Den Inte-Mann gouf vun Hënn attackéiert an déidlech blesséiert.

Den Direkter vun der Chambre de Commerce op der Insel Niue huet vun engem trauregen Dag geschwat. Och op der Facebook-Säit “Trever The Duck - Niue” ass d’Trauer grouss.

Virgeschicht

Am September d’lescht Joer ass d’Stackint den Inselbewunner opgefall, dee bei engem Pull Waasser an der Géigend vum Fluchhafen op der klenger Insel en neit Doheem fonnt huet. Relativ séier gouf hien Trevor gedeeft a well säi Pull riskéiert huet ze verdréchnen, hunn d’Mënschen ugefaang reegelméisseg Waasser nozefëllen. Vun iwwerall koume Leit mat Kanisteren, souguer déi lokal Pompjeeën hu matgehollef.

© Facebook

D’Leit op der Insel hu sech donieft schlau gemaach, wat een der Int am beschte z’iesse brénge kann, well de Pull Waasser net wierklech vill ze bidden hat. Um Menü stoungen dohier reegelméisseg Ierbessen, Mais, Huewer a Räis.

Wéi den Trevor eigentlech op der Insel gelant ass, doriwwer goufen et verschidden Theorien:

  • als blanne Passagéier u Bord vun engem Schëff
  • bis dohi geflunn
  • vun engem Stuerm dohi geblosen

Laang gouf och iwwerluecht, ob den Inte-Mann sech eventuell géif eleng fillen. Aner Aartgenosse gouf et keng. Et gouf driwwer nogeduecht e Partner anzefléien oder Attrappen aus Holz opzestellen, fir him wéinstens d’Gefill ze ginn, e wier net eleng. Sou ähnlech wéi deemools beim Mieresvull “Nigel, deen eleng op der neiséilännescher Insel Mana gelieft huet an och do gestuerwen ass.

RTL NEWS: Neiséiland trauert - De Mieresvull Nigel ass eleng gestuerwenEng Relokalisatioun koum fir d’Inselbewunner net a Fro. Den Trevor konnt selwer decidéieren, ob hie fortflitt oder bleift.

© Facebook

Back to Top
CIM LOGO