
2013 ass den éischte Film vun der Schnéikinnigin erschéngt an huet sech als ee vun den erfollegräichsten Animatiounsfilm iwwerhaapt erwisen. Och den zweete “Frozen"-Deel war e groussen Erfolleg an huet weltwäit iwwer 2,7 Milliarden Dollar agespillt.

Déi nei Attraktioun wäert et Kleng a Grouss erméiglechen, an d’Welt vum Elsa, Olaf a Co anzedauchen. Dozou gehéiert d’Duerstellung vum Kinnekräich Arendelle an e 7,5 Hektar grousse Séi. Geplangt sinn och 2 Butteker, eng Waasserattraktioun an e Restaurant. An net ze vergiessen en Treffpunkt, wou een déi 2 Kinniginnen Elsa an Anna treffe kann!
Wie net bis 2023 waarde kann, dee kann an den Disney-Fräizäitpark op Hong Kong reesen. Do kann ee sech nämlech schonn dëst Joer vun der “Frozen"-Welt verzaubere loossen.