
Keng aner Perséinlechkeet stoung bannent de leschte Méint esou dacks am Zentrum vum ëffentlechen Interessi wéi d’Greta Thunberg. Den 1. Mäerz huet hatt zu Hamburg zesumme mat dausende vu Schüler fir de Klimaschutz demonstréiert.
Wéinst senger Virbildfunktioun a Saachen Ëmwelt huet sech de Panoptikum op der Reeperbahn entscheet, eng Wuessfigur vun der jonker Klimaaktivistin auszestellen. Ganz besonnesch u senger Figur ass och, dass si all Joreszäit en neien Outfit kritt.
120 Modeller aus de Beräicher Konscht, Kultur, Sport a Politik stinn am eelste Wuessfigure-Musée an Däitschland, dorënner d’Queen, den Donald Trump oder d’Helene Fischer.