
De Palais, d’Gëlle Fra oder och nach d’Kasematten, sinn nëmmen e puer vun enger Rei Saachen, déi een an der Stad Lëtzebuerg ka kucke goen.
Zanter puer Joer setzen se an der Stad awer och ëmmer méi op grouss Evenementer, déi vill Leit sollen unzéien.
Virun allem am Summer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office eng ganz Rei speziell Aktivitéiten.