Mandat d'arrêt opgehuewenËmstriddene Schlagersänger Michael Wendler wëll zeréck an Däitschland

RTL Lëtzebuerg
De Schlagersänger wunnt den Ament a Florida - elo wëll hien awer nees zeréck an Däitschland a seng Karriär ukuerbelen.
© Wikimedia commons / CC BY-SA 4.0 / CHR!S

De Mandat d’arrêt géint den ëmstriddenen däitsche Schlagersänger Michael Wendler (“Egal”, “Sie liebt den DJ”) gouf schonn den 22. September opgehuewen, sot e Spriecher vum Landesgeriicht Duisburg de Méindeg. Dem Michael Wendler säin Affekot hat sech beschwéiert, datt säi Client an de Prisong sollt. De Parquet geheit dem Schlagerstar vir, matgehollef ze hunn, eng Zwangsvollstreckung ze verhënneren.

De Wendler war als Ugekloten am Juli net zu sengem Prozess komm. Doropshi gouf ugeuerdent, datt hie mat engem Mandat d’arrêt zu der nächster Verhandlung sollt bruecht ginn. D’Landesgeriicht huet dee Schrëtt dem Spriecher no allerdéngs net als verhältnesméisseg ugesinn, well de Michael Wendler jo duerch een Affekot vertruede gëtt.

De Schlagerstar wunnt de Moment mat senger Partnerin Laura Müller am amerikanesche Florida. Der Bild-Zeitung sot de Michael Wendler, hie wéilt awer nees zeréck an Däitschland kommen. Säin Haaptwunnsëtz an Amerika wéilt hien awer behalen. Mat senger musikalescher Karriär soll et nees biergop goen: “Ech si mir ganz sécher, datt et am Joer 2022 all Grond zur Hoffnung gëtt, datt ech nees Vollzäit musikalesch schaffe kann.

De Michael Wendler gëllt als aktive Member an der sougenannter “Querdenker"-Zeen an huet der däitscher Regierung virun engem Joer “schwéier Verstéiss géint d’Verfassung” virgeheit. De Medien - dorënner och dem Fernseesender RTL - huet de Wendler virgeheit, “gläichgeschalt” ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO