Net wäit ewech vun der lëtzebuergescher Grenz, läit an der Äifel dat klengt Dierfche Gondorf. An do, tëscht Bëscher a Felder fënnt een den Eifelpark.
De Park huet op ronn 75 Hektar net nëmmen Attraktiounen an Achterbunne fir Grouss a Kleng ze bidden. Och eng ronn 200 Déiere liewen um Grondstéck: vu Bieren iwwer Wëllschwäi bis Steebéck a Pohunnen.
Mir hunn eis gefrot, wéi esou en Dag am gréisste Fräizäitpark vun der Groussregioun ausgesäit an och e bëssen hannert d’Kulisse geluusst.