Traditionelle Rendez-vousEn Dënschdeg war nees Buergermeeschterdag op der Fouer

RTL Lëtzebuerg
53 Buergermeeschteren hunn a 17 Restauranten op der Fouer d'Gäscht zerwéiert.

Empfaange goufen d’Buergermeeschteren an d’Buergermeeschteschen um 17 Auer an der Entrée vun der Schueberfouer, vu wou aus et dann op eng Visitt vun der Fouer goung.

Vun 19 bis 22 Auer konnt ee sech da vun de Buergermeeschteren aus 53* Lëtzebuerger Gemengen a 17 Restauranten zerwéiere loossen.

Eng Zomm vu 5.000 Euro - souzesoen d’Pai, déi d’Buergermeeschteren deen Owend vun de Foraine fir hir Aarbecht kritt hätten - geet un d’Lëtzebuerger Rout Kräiz.

Buergermeeschterdag 2025 / Reportage Chris Meisch

Wie wou am Asaz war, fannt Dir hei an der Lëscht.

Wéi eis matgedeelt gouf, gouf de Lucien Meyers, Buergermeeschter vu Wëntger, an der offizieller Lëscht vergiess. Hien huet am Kugener zerwéiert.

Traditionelle Buergermeeschterdag
En Dënschdeg zerwéieren 53* Buergermeeschteren a 17 Restauranten op der Fouer. An eisem Artikel gitt Dir gewuer, wien Iech wou zerwéiert.

Wat erwaart Iech um Buergermeeschterdag? / Explikatioune vum Patrick Greis

Fotoe vu viregte Buergermeeschterdeeg

*An hirer Lëscht hat d’Ville de Luxembourg de Buergermeeschter vu Wëntger vergiess. Doduerch klëmmt d’Zuel vun 52 op 53.

PDF: Déi ganz Lëscht mat de Buergermeeschter a wou si zerwéieren

Back to Top
CIM LOGO