Chrëschtdagsusprooch vun der QueenEn holperegt Joer fir Groussbritannien an d'Kinneksfamill

RTL Lëtzebuerg
D'Chrëschtdagsried vun der Queen Elizabeth II fält dëst Joer anescht wéi an der Vergaangenheet zimmlech perséinlech aus.
© afp

Déi 93 Joer al Monarchin schwätzt an hirer traditioneller Chrëschtdagsusprooch iwwert en “holperegt” Joer. Ma “kleng Schrëtt am Glawen an an der Hoffnung” kéinte bedeitend sinn an “Differenze [bäileeën], déi scho laang unhalen”, sou d’brittesch Kinnigin. Domat dierft d’Queen net just op de Brexit, mä héchstwarscheinlech och op privat familiär Probleemer uspillen.

2019 war keen einfacht Joer fir d’Royals. Nieft dem Epstein-Skandal, an deen de Prënz Andrew verwéckelt ass, den Onstëmmegkeeten tëscht dem Harry, senger Fra an dem Rescht vun der brittescher Kinneksfamill, läit elo och nach de Prënz Philip wärend der Chrëschtzäit am Spidol. De Fait, dass op hirem Schreifdësch weder eng Foto vum Prënz Andrew nach vum Herzog an der Herzogin vu Sussex stinn, ënnersträicht déi komplizéiert familiär Situatioun.

Déi jonk Koppel ass 2019 net bei der traditioneller Chrëschtfeier vun der Queen Elizabeth II op hirem Landsëtz Sandringham mat dobäi. Dem Archie säin éischte Chrëschtdag gëtt an den USA gefeiert, zesumme mam Meghan senger Mamm Doria Ragland.

RTL-Artikel: Déischt éischt Chrëschtdagskaart vum klengen Archie

Back to Top
CIM LOGO