Rosa Nouten a Päiperleken En neie Schampes weist ob e kal genuch ass

RTL Lëtzebuerg
E Wënzerbetrib an Nordfrankräich huet sech a Saache Schampes eppes Neies afale gelooss, fir festzestellen wéini déi ideal Drénktemperatur erreecht ass.
© AFP

Déi wäiss Fläsch verännert hir Faarf soubal de Contenue, also de Schampes kal genuch ass, fir gedronk ze ginn. D’Folie vum Infinite-Eight-Schampes aus Ville-Dommange bei Reims ass am Ufank ganz wäiss, ass e kal, gesäit een e Muster aus rosa Nouten a Päiperleken.

De Schampes soll am Mäerz fir d’éischt emol a Japan op de Maart kommen, am Abrëll och a Frankräich.

Et wier eng Première, sou den Nicolas le Tixerand, Chef vum Familljebetrib. Keen anere Wënzer an der Champagnebitt esou eng Fläsch un. D’Cliente kéinten esou spilleresch léieren, wéini Schampes déi ideal Temperatur huet.

Der offizieller franséischer Schampes-Websäit no schmaacht d’Gedrénks am beschte bei 8 bis 10 Grad.

Back to Top
CIM LOGO