
D’Energiepräisser klammen erëm, an domat och d’Fro: Wéi kann ech doheem Energie an dobäi Suen aspueren?
Genee do komme mir an d’Spill: Fir déi nei Staffel vun “Energie-Tipps” siche mir Leit, déi bereet sinn, eis d’Dier opzemaachen. Zesumme mat engem Expert aus dem Klimaschutz komme mir bei Iech heem a kucken, wou ee konkret Energie spuere kann.
Mir weisen net nëmmen Iech, mee och eisem Publikum, wéi een am Alldag mat klenge Geste grouss Ënnerscheeder maache kann, gutt fir d’Ëmwelt an Äre Portmonni.
Hutt Dir Loscht matzemaachen?
Da mellt Iech elo ganz einfach op magazin@rtl.lu