Wéinst dem CoronavirusEng digital Fashion Week zu Mailand

RTL Lëtzebuerg
Vum 14. bis de 17. Juli ass d'Editioun 2020 vun der Fashion Week vu Mailand, an engem ganz anere Format wéi gewinnt.

Dat huet déi national Chamber vun der italienescher Moud en Donneschdeg annoncéiert. Op engem Site an op de soziale Medie gi Fotoe, Videoen an Interviewe gewisen. Eng aner online-Plattform ass fir de Verkaf an den Akaf vun Designermoud geduecht.

Déi italienesch Fashion-Metropol war zemools am Ufank vun der Pandemie an Italia ganz uerg vum Coronavirus getraff. An der Stad an der Lombardei goufe vill vun deenen éischten Infektioune gemellt.

Och Paräis organiséiert eng digital Fashion Week, fir d’Männermoud vum 3. bis den 13. Juli. D’Presentatioun vun der sougenannten “Haute-Couture” a vum “Prêt-à-porter” gouf fir dëst Joer ganz annuléiert.

Back to Top
CIM LOGO