Makaberen IwwerzuchEng Housse aus falscher Haut fir de Smartphone

RTL Lëtzebuerg
Franséisch a britesch Wëssenschaftler hunn eng kënschtlech Haut entwéckelt, déi een op all Smartphone iwwerzéie kann, fir "Kontakt hierzestellen".
Des coques en fausse peau humaine
Une équipe de chercheurs ont conçu cette coque pour étudier la manière dont les gens réagissent à une fausse peau sur des appareils électroniques

Et ass gewosst, dass hautzedaags den Telefon e privaten an intime Géigestand ginn ass. Keen aneren Apparat an héchstwahrscheinlech keng aner Persoun kennt méi Geheimnisser iwwert den Notzer, wéi de Smartphone. Bis ewell war et net méiglech, dës wichteg Maschinn ze heemelen oder ze këddelen. Dës “traureg” Ära geet awer elo op en Enn.

Déi aussergewéinlech Erfindung vu franséisch-britesche Fuerscher erënnert staark un déi mënschlech Haut. D’Matière aus Silikon reagéiert immens sensibel op Kierperkontakt. D’Housse spiert et, wa se gekëddelt, gepëtzt oder geheemelt gëtt.

D’Wëssenschaftler wëlle kucken, wéi d’Leit op déi falsch Haut aus Silikon reagéieren. Zil ass et, fir e richtege Kontakt tëscht dem Mënsch an dem Apparat hierzestellen. Den Ament kritt een de Produit net ze kafen, et ass nach e Prototyp.

Back to Top
CIM LOGO