
Op den éischte Bléck gesäit d’Bild, ëm dat et geet, harmlos aus. E rouege Séi mat Beem an enger Wiss a ronderëm nach Bierger, Sonnenënnergang inclus. Zënter Deeg elo scho kurséiert dëst Bild an de sozialen Netzwierker. Ma net, well et sou eng schéi Kuliss weist, ma wéinst engem blöden Nieweneffekt.
Benotzt een d’Bild op sengem Smartphone als Hannergrondbild, kann dat dozou féieren, dass de Bildschierm sech andauernd un- a nees ausschalt.
Am schlëmmste Fall kann een dëst och net méi stoppen an et gëtt ee gezwongen, den Apparat op d’Wierksastellungen zeréckzesetzen.
Wéi direkt e puer Experte mellen, soll dësen aussergewéinleche “Bug” op e puer Marken a Modeller optrieden, dat virun allem mam Betribssystem Android 10. Ënnert anerem si Samsung- a Nokia-Modeller betraff, awer och Smartphonë vu Google (Pixel), OnePlus oder Xiaomi.
Huawei soll bis ewell net betraff sinn. Samsung huet schonn en Update annoncéiert, fir de Feeler ze korrigéieren. Et gëtt also geroden, reegelméisseg en Update duerchzeféieren.
De Grond fir de Bug ass héchstwarscheinlech d’Faarf-Informatioun am digitale Bild. Fotoen an digitaler Form gi qualitativ ëmmer besser. Sou kann et kommen, dass e Bild méi Informatiounen huet wéi verschidde Smartphonë verschaffe kënnen, sou dass den Apparat ofstierzt.
Am beschten also d’Bild guer net als Hannergrondfoto astellen, da kann och näischt passéieren.