
Et muss een net onbedéngt en Amateur vun der Astronomie sinn, fir sech fir eng Sonnendäischtert ze begeeschteren, sief se och nëmme partiell, well esou eng gouf et en Dënschdeg.
Wärend deenen knapp zwou Stonne vun der partieller Sonnendäischtert, war den Hallefschiet vum Mound op d’Äerd getraff. Iwwregens, mat bis zu 82 Prozent war de Bedeckungsgrad vun der Sonn iwwert der Arktis a Sibirien am gréissten.
Partiell Sonnendäischterte sinn am Prinzip net esou seelen, wéi eng total Sonnendäischtert. Mir hate bei eis den 11. August 1999 eng komplett Sonnendäischtert an déi nächst ass réischt am Joer 2081. Déi lescht partiell Sonnendäischtert gouf et den 10. Juni 2021 an déi war nawell gutt ze gesinn.

Nach e klengen Tipp zum Schluss:
Wichteg ass, esou en Himmelsspektakel nëmme mat engem dofir extra virgesinne Sonneschutz fir d’Aen ze kucken. Dëst ass zum Beispill e spezielle Brëll fir Sonnendäischterten oder en héichwäertegen Teleskop-Sonnefilter. Op kee Fall sollt ee mat engem normale Sonnebrëll an déi geféierlech UV-Strale kucken.