#Fillthebottle-ChallengeEng Plastiksfläsch mat Zigarettestëmp fëllen

RTL Lëtzebuerg
Plastiksfläschen schéngen op de sozialen Netzwierker am Trend ze sinn an mol eng kéier nëtzen se enger gudder Saach.

#Fillthebottle heescht déi nei Social Media Challenge, an där et drëms geet, eng voll 1 Liter Plastiksfläsch mat Zigarettestëmp ze fëllen.

D’Aufgab ass einfach: Huelt eng eidel Plastiksfläsch, gitt an d’Natur an raaft all Zigarettestomp op, deen dir fannt, bis dass d’Fläsch voll ass. Dann post dat Ganzt iwwert Är sozial Netzwierker mam #Fillthebottle an motivéiert aner Leit, dat selwecht ze maachen.

Mol endlech en Challenge, deen sënnvoll ass, heescht et op ville Plattformen. Zigarettestëmp sinn purt Gëft fir eis Ëmwelt. 5,6 Billiounen Zigaretten ginn weltwäit an engem Joer gefëmmt, seet Weltgesondheetsorganisatioun. Iwwert d’Halschent dovunner lant um Buedem.

An déi schueden der Natur, well an den Zigarettestëmp si masseg Gëftstoffer enthalen. Chrom, Koffer, Cadmium, Benzol, Nikotin a villes méi. Ëmmer wann et reent, da kommen dës Gëftstoffer iwwert Reewaasser an de Buedem iwwert d’Kanalisatioun an landen herno an de Flëss, de Séi a schlussendlech am Mier.

Een Zigarettestomp kann bis zu 40 Liter Grondwaasser verschmotzen an eng Zigarette, déi een an engem Liter Waasser opléist, léist Fësch an nëmmen 4 Deeg stierwen. Dat sinn sech vill Leit, déi fëmmen, guer net bewosst.

Gestart huet dësen Challenge en jonken Fransous, den Jason Prince. Hien hat eng eidel Waasserfläsch dobäi an huet ugefaangen Zigarettestëmp opzerafen. Innerhalb 20 Minutten war d’Fläsch voll, en erschreckend d’Bild, dat en dunn iwwer Twitter gedeelt huet an d’Leit dozou opgefuerdert huet, matzemaachen.

Eng gutt Saach. Wier do just net d’Plastiksfläsch, déi en dofir benotzt huet. Eng Alternative aus Glas géing dat Ganzt nach besser fir d’Ëmwelt maachen.

Back to Top
CIM LOGO