
En Dënschde goufen erëm Detailer iwwert d’Liewe vum Johnny Depp an dem Amber Heard opgezielt.
Eng Rëtsch Employéë vum Depp hunn ausgesot am Kader vum Prozess vum Star géint d’Zeitung The Sun. D’Zeitung hat 2018 an engem Artikel geschriwwen, hie wier ee “Wife-beater”, also een, dee Frae géing schloen.
En Dënschde goufen et ënnert anerem Detailer zu enger Ausernanersetzung, déi an Australien 2015 soll geschitt sinn, wou de Schauspiller sech den ieweschten Deel vun engem Fanger soll ofgeschnidden hunn. Hien hätt du sengem Dokter geschriwwen, et wier eriwwer mam Amber Heard, hie kéint sech dat net méi undoen (“I’m done. NO MORE!!”). Dobäi wier hien och der Meenung, si géing hie just benotzen, fir bekannt ze ginn (“She’s so desperate for success and fame...that’s probably why I was acquired”).
Dem Johnny Depp säi Bodyguard, Malcolm Connolly, huet um Geriicht ausgesot, dass den Johnny Depp him gesot hätt, d’Amber Heard hätt him de Fanger ofgeschnidden, wéi si mat enger Fläsch Wodka op hie geheit hätt. Si hätt hien och dobäi konstant vernannt. D’Heard hat do scho selwer ausgesot, de Schauspiller hätt sech selwer verletzt an hätt si 3 Deeg laang mëssbraucht.
Mä d’Tara Roberts, dem Johnny Depp seng Managerin vun enger privater Insel op de Bahamas, huet duerno ausgesot, d’Amber Heard wier den aggressive Mënsch an der Bezéiung. Si huet ee Beispill ginn, wou den Johnny Depp bei si an de Büro komm wier, fir sech virum Heard ze verstoppen. Wéi d’Amber Heard hien duerno fonnt huet, hätt si hien net wéineg vernannt. Si hätt zu him gesot, hie wier ze al an déck a seng Karriär wier eriwwer (“You’re washed up, fat..your career is over.”). D’Tara Roberts huet och ausgesot, si hätt d’Amber Heard ni mat enger Verletzung gesinn.
Eng Stylistin vun der Ex-Koppel, d’Samantha McMillen, huet ausgesot, d’Amber Heard hätt am Dezember 2015 virun enger Sendung vun der Show “The Late Late Show” vum James Corden gesot, si hätt dunn 2 blo Aen. D’Stylistin hätt awer beim Schminke vun der Schauspillerin näischt gesinn. Si wier dunn och iwwerrascht gewiescht iwwert d’Ausso vum Heard. An enger schrëftlecher Ausso hat si well ausgesoot: d’Amber Heard war dunn net blesséiert.
D’Botzfraa Hilda Vargas, déi an engem vum Depp sengen Appartementer zu Los Angeles schafft, huet du gezielt, si hätt enges Dages Fäkalien, déi um Bett vun der Koppel waren, propper misste maachen. Si huet ausgesot, déi hätte vun engem Mënsch gestanen. An enger fréierer Ausso gouf behaapt, d’Amber Heard oder ee vu senge Kolleegen hätten dëst hannerlooss an net, wéi d’Schauspillerin behaapt hätt, ee vun den Hënn vun der Koppel.
D’Heard soll normalerweis Enn der Woch selwer um Geriicht aussoen. Och dem Johnny Depp seng Ex-Fra Vanessa Paradis an Ex-Frëndin Winona Ryder sollen dës Woch eng Ausso ginn.