Dram aus SchockelaEng Willy-Wonka-Fabrik kéint an Holland opgoen

RTL Lëtzebuerg
D'Schockela-Mark "Tony's Chocolonely" plangt, e Fräizäitpark opzemaachen, an deem sech alles ëm déi beléifte Séissegkeet dréit.
© Twitter / Tony’s Chocolonely

Eng Fabrick wéi am Film “Charlie and the Chocolate Factory” soll 2024 seng Dieren zu Zandaam bei Amsterdam opmaachen a Kleng a Grouss den Dag verséissen. Natierlech mat Kreatiounen aus Schockela. Am Fräizäitpark “Tony’s Chocolonely Chocolate Circus” solle bis zu 500.000 Visiteuren am Joer empfaange ginn.

Nieft ville Schneekegkeete sollen Erfindunge vum Roald Dahl ze gesi sinn, wéi zum Beispill Booter aus Kamellen oder e Glas-Lift. Eng Achterbunn soll fir en Adrenalin-Kick suergen.

Avant-goût

D’Ouverture vum 100-Milliounen-Euro-Projet kéint sech allerdéngs an d’Längt zéien. Wéinst der Corona-Kris hunn d’Pläng missen op Äis geluecht ginn, sou “Tony’s Chocolonely” op Youtube. Éischt Andréck, wéi ee sech dat hollännescht Schlaraffenland virstelle kann, gesäit een am Video vum Hiersteller, deen den 12. Juni publizéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO