Nodeems zejoert nämlech de Gros vun den Aktivitéiten ausgefall ass, duerften d’Schoulklassen d’lescht Woch ënnert anerem nees op eng Visitt guidée an de Palais.
Eng RTL-Ekipp huet eng Klass aus Beetebuerg an eng aus Groussbus op esou eng Féierung begleet.
Am Ganzen hu sech fir dëst Toure 35 Schoulklassen ugemellt a vum 14. Juli u fänken am Palais dann och nees d’Féierunge fir d’Touristen un.